Ania Polfer
A menger artistescher Aarbecht benotzen ech haaptsächlech d'Technik vum
Dripping am Action Painting vum amerikaneschen Moler Jackson Pollock
(1912-1956), déi ech mir während menger Uniszäit zu Aix ugëeegent hunn.
Oft och an der Combinaisoun mat verschiddenen Materialien a Collagen,
inspiréiert vum franséischen Moler Jean Dubuffet (1901-1985).
D'Themen - déi aus mengem perséinlechen Liewen inspiréiert sinn - ginn fir
d'éischt styliséiert, dann personaliséiert. De Choix vun der Faarw ass
meeschtens contrastéiert an op d'Komplementarfaarwen reduzéiert. Wéinst der
Flëssegkeet vun der Faarw während dem Dripping, ass all Bild eenzegaarteg a
kann net nach eng Kéier tselwecht nogemaach ginn.
Kuerz: ech zeechnen also net mam Pinsel, mee direkt mat der Faarw déi aus
der Tube gelaf kënnt, wéi mäi Bopi - Adolphe Grevig (1926-2015), Bäcker-Patissier - mam flëssegen Schokola op seng Kuchen gezeechent huet.
