Ania Polfer - Artiste-Peintre Lëtzebuergesch Français

Ania's ARTh Atelier

Art-Therapie


Allgemeng Infoen zur Konscht-Therapie als PDF

Wat ass Konscht-Therapie ?


Konscht-Therapie ass eng alternativ Psychotherapie déi op der Konscht als Medium baséiert. Oft ass se komplementar zu Sitzungen bei engem Psycholog oder Psychiater.


Wat ass e Konscht-Therapeut ?


E Konscht-Therapeut huet e Studium an der Konscht an an der Psychotherapie. Den Diplom vun der Uni Lëtzebuerg, den DESS (Diplôme d’Études Supérieures Spécialisées) en art-thérapie, ass e BAC+5 a gläichgestallt mat engem Master II. E Konscht-Therapeut ass keen Heeler. E Konscht-­Therapeut stäipt a begleet säi Klient/Patient bei sengem Veränner­ungs-Prozess ronderëm säi Problem.
De Konscht-Therapeut ass net do fir säi Klient/Patient ze be­uerteelen, weder iwwert seng Konscht-Produktiounen, nach iwwert seng perséinlesch Qualitéiten/Feeler. Hien ass do fir z’observéieren an ze bemierken, fir hien kënnen ze leeden an ze begleeden. Ausserdem ass hien un déi professionnel Schweige­pflicht gebonnen sou, datt hien sech just an sengem professionnellen Ëmfeld därf driwwer austauschen, z.B. während de Supervisiounen.


Wéi funktionnéiert sou eng Konscht-Therapie ?


D’Konscht-Therapie funktionnéiert durch de Kreatiounsprozess an dem perséinlechen Ausdrock den an der Konscht­kreatioun – méi oder manner bewosst – erauskënnt. De Klient/Patient muss u sech selwer schaffen an de Konscht-Therapeut leed a begleet hien an sengem Verännerungs- a Realisatiouns-Prozess. A vu, datt et an dem Beruff keng fäerdeg Rezepter gëtt, entwéckelt all Konscht-Therapeut – sou wéi och all Kënschtler – säin eegenen Aarbechts-Stil.


Fir ween ass Konscht-Therapie ?


Jiddereen deen e perséinlechen Problem huet a bereet ass ­­do drunn ze schaffen, a sech dobäi vun engem Konscht-Thera­peut an dem senger Konscht leeden ze lossen, kann eng Konscht-Therapie maachen. Den Alter vum Klient/Patient ass egal, ausser beim Raussichen vum Konscht-Therapeut, falls deen sech op e Beräich spezialiséiert huet wou den Alter eng Roll spillt (z.B. Konscht-Therapie fir Jugendlecher mat enger Iess-Stéierung).


Wéi laang dauert sou eng Konscht-Therapie a wat kascht dat ?


Et ass onméiglech virauszegesinn wéi laang eng Konscht-Therapie dauert, vu datt dëst vun villen verschiddenen Fakteuren ofhängt : all Klient/Patient ass anescht, a senger Situatioun a mat sengem Problem. Dann hängt et dovun of, wéivill hien kann a bereet ass u sech ze schaffen, an dann kommen oft och nach extern Fakteuren dobäi déi de Problem beaflossen ... A net ze vergiessen datt ee fir d’éischt mol muss eng Vertrauensbasis schaafen, an eventuell verschidden muss Blockaden lass ginn, ier een mat der eigentlecher Therapie ufänken kann. D’Dauer vun enger Séance ass grad sou ënnerschiddlech : dat kann vun 30 Minuten bis zu 3 Stonnen goen.
Vu, datt de Loun vun de Konscht-Therapeuten hei zu Lëtzebuerg net gereegelt ass, kënnen d’Tariffer ganz ënnerschiddlech sinn, ofhängeg vum Konscht-Therapeut sengen Diplomer a sengen Onkäschten (vum Konscht-Material).


Opklärung zu verschiddenen Viruerteeler:


«Konscht-Therapie ass näischt fir mech, well ech hu keen Talent fir Konscht»
Dat ass absolut onwichteg, vu, datt de Konscht-­Therapeut net do ass fir iwwert d’Qualitéit vun der Konscht-­Produktioun ze uerteelen, an och soss säi Klient/­Patient net beuerteelt. D’Ziel an der Konscht-Therapie ass ganz sécher net fir super Konschtwierker ze kreéieren ! Et ass also guer net néideg irgendwelch Konscht-Kenntnisser ze hunn fir eng Konscht-Therapie kënnen ze maachen. D’Konscht-Produktiounen déi während der Konscht-Therapie entstinn, sinn ganz perséinlech Aarbechten, déi zu engem Prozess gehéieren, a sinn guer net geduecht fir gewisen ze ginn – ausser wann dat sollt zum therapeuteschen Prozess gehéieren, an dann muss nach de Klient/Patient domadder averstaan sinn (an dat gëllt och an der Clinique) !

«Konscht-Therapie ass eppes fir d’Kanner.»
Konscht-Therapie ass fir jiddereen deen e perséinlechen Problem huet a bereet ass dodrunn ze schaffen, a sech dobäi vun engem Konscht-Therapeut an dem senger Konscht leeden ze lossen. Den Alter vum Klient/Patient spillt keng Roll, ausser beim Raussichen vum Konscht-Therapeut, falls deen sech op e Beräich spezialiséiert huet wou den Alter eng Roll spillt (z.B. passiv Musik-Therapie durch Gesang fir Fréigebuerten an der Couveuse).

«E Konscht-Therapeut ass e Scharlatan.»
E richtegen Konscht-­Therapeut huet e Studium an der Konscht an an der Psychotherapie. Den Diplom vun der Uni Lëtzebuerg DESS (Diplôme d’Études Supérieures Spécialisées) en art-thérapie ass e BAC+5, gläichgestallt mat engem Master II. Leider ginn et och ëmmer Persounen déi e Beruff maachen deen se net geléiert hunn, ouni sech bewosst ze sinn wéi eng schlëmm Feeler se domat maachen kënnen. Fir sécher ze sinn, frot einfach fir d’Diplomer vum Therapeut däerfen ze gesinn.

«Konscht-Therapeuten maachen de Psychologen Konkurrenz a klauen hinnen d’Klienten.»
D’Konscht-Therapeuten maachen de Psychologen sécher keng Konkurrenz, vu, datt d’Konscht- Therapie ganz gutt komplementar zu de Sitzungen beim Psy- cholog oder Psychiater funktionnéiert, am Beschten souguer mat geigensäitegem professionellem Austausch.

«Wann een d’Konscht-Therapie vun engem Dokter verschriwwen krut, dann kritt een d’Suen vun der Krankekees rëm.»
Leider ginn d’Konscht-Therapie Séancen hei zu Lëtzebuerg net rembourséiert, och net mat engem Ziedel vum Dokter.


Fir méi Informatioun, kuckt w.e.g. de Site vun der Associatioun vun de lëtzebuerger Konscht-Therapeuten: www.alatd.lu




• De Rendez-Vous gëtt gemaach, entweder per e-mail op aniasarth[at]gmail.com oder per Privatmessage op facebook oder iwwer Telefon um +352 26874560. De Rendez-Vous ass awer réicht fixéiert wann e schrëftlech confirméiert gouf - per e-mail, Message oder sms.

• All Rendez-Vous deen net spéitstens 24 Stonnen virum Ufank vun der geplangtner Seance oofgesoot gouf, kritt een mam Basis-Tarif vun enger Seance verrechent (gebonnen un d'Uertschaft wou de Rendez-vous sollt sinn).

• Den Tarif gëtt gerechent ab der Auerzäit wou den Rendez-vous fixéiert ass. Wann Dir also ze spéit kommt, sinn et Är Zäit an Suen déi verluer ginn.

• D'Konschttherapie-Seancen sinn individuel. Et kann awer mol virkommen - oofhängeg vum perséinlechem Problem an der Evolutioun vun der Therapie - datt eng matbetraffen Persoun bei enger Seance matmecht. An deem Fall gëtt e Plus vun 20€ / Persoun / Seance verrechent (onoofhängeg vun der Dauer vun der Seance) fir all méiglech Onkäschten ze decken.

• Ech schaffen mat erwuessen Persounen, mat Jugendlechen a mat Kanner ab ±8 Joer. Kleng Kanner an Persounen mat Demenz, Alzheimer oder Korsakov leien leider net a mengem Kompetenzberäich.

• Als Member vun Mensa.lu a mat enger zousätzlecher Formatioun bei Cogito'z, sinn ech spezialiséiert fir mat Héichbegabten / Héichintelligenten / Zebraen ze schaffen.

Méi Infoen um neien Site


 

 

logo_banner